Aktuell bidden mir keng eegen Aktivitéiten fir Jonker enner 23 Joer un, dëst wéinst engem Mangel u Chef/Cheftainen an deenen Branchen an eisem Grupp. Wann’s du dech wëlls bei den Lëtzebuerger Guiden a Scouten aschreiwen, da kuckt iech no engem Grupp an ärem Emfeld um. D’Lescht vun den Gruppen fannt dir um Site vun der LGS ennert folgendem Link : https://lgs.lu/en/gruppen/
Wann’s du wells bei eisen Albatrossen matmaachen, da mellt dech iwwert eise Kontaktformular
Biber 6-8 Joer

Mir wëllen de Kanner d’Liewen am Grupp, de Respekt fir deen anneren an fir Natur méi nobréngen. Kanner sollen hir eegen Talenter entdecken an dëst mat verschiddene Materialien. Duerch d’Spiller an der Natur kënnen Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hierer Emwelt auserneesetzen.
Dokumenter

Versammlungen
Wëllefcher 8-11 Joer

Entdecken, fuerschen, léieren, Frëndschaften schléissen, …. Mir maachen Interessant Aktivitéiten an ginn zesummen op Sortien. Nach mei kuerz a knackeg gesoht, d’Kanner léieren ganz elementar Wäerter kennen: Solidaritéit, Verantwortung, Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Geschécklechkeet, a.s.w. auserneesetzen.
Dokumenter

Versammlungen
AvEx 11-14 Joer

Hei léieren si Selbstännegkeet an Verantwortung. Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an d’Organisatioun an d’Ausféeierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell „ Ask the Boy/Girl “
Och de Prinzip vum „ learning by doing “ gëtt an den AvEx groussgeschriwwen, well een doduerch ëmmer rëm nei Saachen léiert an iwwert sech rauswuesse kann.
Dokumenter

Versammlungen
CaraPio 14-17 Joer

Ganz vill Wäert leeë mir op Matbestëmmung bei der Virbereedung wie och beim Durerchzéie vun Aktivitéiten.
D‘Matverantwortung an den Engagement ginn grouss geschriwwen
Dokumenter

Versammlungen
RaRo 17-23 Joer

D’Ziler vun de RaRo orientéiere sech un de Besoinen vun de Jonken Erwuessenen. Déi jonk Erwuessen sollen lues duerch Aktioune bewosst un hirem Erwuessesin an Engagement schaffen. Si setzen sech Ziler a Reegelen an léieren zesumme Decisiounen huelen a schaffen.
Dokumenter

Versammlungen
Albatrossen 23 + Joer

Du hues Loscht bei den Scouten aktiv mat ze maachen? Eis Ziler sinn d’Engagement zesumme mat Frënn weiderféieren, Guidissem a Scoutissem ze liewen an Aktiounen ze ënnerhuelen, déi anere Mënschen, der Ëmwelt, dem Verband, dem Grupp,… notzen.
Mataarbechter

Eis Mataarbechter sinn e wichtegen Deel vun eisem Grupp, si bestinn aus Elteren, aalen Scouten an awer och Fräiwëllegen.
Sie hëllefen eis dann wann mir Hëllef oder en Rot brauchen wie z.Bsp. bei enger Aktivitéit. Dëst ëmmer sou wéi en Zäit, Loscht an Freet drun huet.
Mir leeën vill wäert ob hier Meenungen sou dass si aktiv mat schwätzen an bei der Emsetzung vun Projet’en dobäi sinn.
Du wëlls bei eis mat schaffen? Dann zeck nët a schreif eis iwert eis Kontaktsait


