Den 10. November 2024 hu sech haiteg an eemoleg Cheffen a Mataarbechter vum Groussbuser Scoutsgrupp Saint Maximilian Kolbe zu Groussbus am Festsall fir een Konveniat getraff. D’ Initiativ wor vun eisem laangjäregen Gruppechef Vally Bodem ausgaang, deen eis dëst Joer fir ëmmer verlooss huet.
Bei engem gudden Maufel an deem engen oder aneren Patt, goufen vill Erënnerungen ausgetosch an Anekdoten verzielt, sech méi oder manner al Fotoen ugekuckt. An natierlech hunn e puer Scoutslidder net dierften feelen.
Esou haten déi aktuell Memberen emol d’ Geleeënheet, déi al “Huesen” kennen ze léieren, déi zanter 1986 eise Grupp opgebaut a matschafft hunn.