Kontakt

Kontakt

5,rue de Bastogne – Grosbous

Scout ze sinn…

…dat ass dat schéinste Gléck

Wisou Scouten?
Scout ze sinn heescht neies entdecken, neies gesinn an neies bäiléieren. «Learning by doing» ass eng vun eisen Devisen, an dofir duerfs du bei de Scouten och mol selwer eppes ausprobéieren.

Op dat an de Versammlungen, op enger Sortie oder op engem Camp ass, spillt keng Roll. A wa mer scho beim Camp sinn, weess du dass de Summercamp déi flottsten Zäit vum ganze Scoutsjoer ass? Nieft neie Frënn, neien Aventuren an engem flotte Programm léiers du nei Géigende kennen. All dëst wäerten deng Campen a flotter Erënnerung behalen.

Mä natierlech sinn net nëmmen d’Campe flott, während dem ganze Joer léiers du an de Versammlungen nei Saache bäi, a villäicht och Saachen déis du esou nach net probéiere konnts: wéi zum Beispill selwer Feier maachen, Konstruktiounen opriichten, selwer kachen, an nach villes méi.

Wahrscheinlech ass et onméiglech an engem Text ze verfaasse wéi flott de Scoutismus ass, dofir läit et un dir. Maach mat, an iwwerzeeg dech selwer.

Kontakt:
Natierlech kënnt der eis och kontaktéiere fir weider Informatiounen ze kréien a méi präzis Froen ze stellen.

    Schreift eis heifir einfach iwwert eise Kontakt-Formular un. Gewéinlech kritt der innerhalb vun den nächste 24 Stonnen eng Äntwert.

    Deng E-Mail-Adress


    Kontakt-Informatiounen LGS

    Hei kanns du dir och eisen Flyer eroflueden