Scouts ABC

Eis Uniform

  • Gréngt Hiem
  • Foulard
  • Jeans Box
  • Fest Schong

Wéini muss ech wat undoen?

Denkt drun iech ëmmer dem Wieder entspriechend unzedoen, an am beschten ni dat neisten undoen fir bei eis ze kommen.

HiemFoulardJeansboxFest Schong
VersammlungXX(Bëschbox)
SortieXX(wa gefrot)X
WeekenderXXXX

Wou muss ech meng Badger ob der Uniform himachen?

1.Gruppenofzeechen
2./3.WOSM a WAGGGS-Ofzeechen
4.Branchen Badger
5.Verspriechen
6.Foulard
7.Foulardsrank (Start)
7a.Pin um Rank (Brevet)
8.Branchen Logo
9.Momentan national Aktivitéit
10.Luxembourg
11.Verbandsofzeechen
12.Rimm
13.Blo Box
14.Evtl. Scoutshutt
15.Campbager
BrancheFaarf um Foulard
Biber-> Turquoise
Wëllef-> Giel
AvEx-> Moof
Carapio-> Rout
RaRo-> Beige
Albatrossen-> Donkelgro
Mataarbechter-> Donkelgreng

Allgemeng Reegelen

  • Wann ech net ob meng Versammlung kann kommen dann mellen ech mech bei mengem Gruppe Chef bescheed.
  • Ech respektéieren an halen mech un eis Reegelen déi mir an eisem Grupp hunn.
  • Ech mëlle mech mat Zäiten un fir Sortien oder Weekender.

-> denken un Dokumenter déi ech brauch

-> Wann eppes ubezuelt muss ginn maachen ech dat direkt dann get et net vergiess.


Hei puer Informatiounen déi gutt ze wëssen sin

Biber an Wëllefcher

  • Déi Kleng schlofen ëmmer dobannen (Chalet, Jugendherberg,…)

AvEx, CaraPio an Raro

  • Déi Grouss schlofen bal nëmmen dobaussen (Zelter, Natur) Fir en Camp, eng Sortie oder en Weekend braucht dir en Rucksak
  • Den dem Alter, der Gréisst an der Aktivitéit ugepasst ass, fir dass Kand et besser droen kann, soll den Rucksak ob der Heft setzen an den Réck vum Rucksak soll net méi grouss sin wie dem Kand säin.

z.b.: 1,60m grouss = 40-60L Rucksak

  • Am Rucksak fannen mir ënnen déi schwéier Saachen an uewen déi liicht Saachen.
  • Fir en Weekend, ass et besser dass Saachen gruppéiert an Säck oder Tuten verpaack sen dass se net kennen naass gin. An et fënnt en Saachen och bësser am Rucksaack rëm.
  • Manner ass bekantlech méi, dir braucht keng 100 Saachen fir all Situatioun anze- packen.
  • Mir brauchen keen Handy, wann ma en awer dobei hunn, bleift en onsichtbaar.

Wat muss ech iwwerhaapt kafen fir meng Branche?

Ënnert eisem Menu „Eis Branchen“ fannt dir bei Dokumenter ëmmer déi aktuell Lëscht als PDF fir en gudden Start am Scoutsliewen ze hunn.