Wëllefcher - LGS Groussbus

Direkt zum Seiteninhalt

Wëllefcher

Den Wëllefchen war laang Joer déi Branche bei den Scouten, wou mir d’ Kanner als éischt opgeholl hunn – déi Branche mat den Jéngsten ënnert eis. Dëst huet sech duerch d’ Biber geännert, déi et awer nach net an all lokalem Grupp gëtt.
Bei den Wëllefcher allerdéngs kënnen mir schonn Aktivitéiten maachen, déi bei den Biber – bedéngt duerch den Alter – nach net machbar waren. Beispill: den Wëllefchen geet dann och schonn op een Camp vun enger Woch (oder méi laang), wou den Biber héchstens mol 3 – 4 Deeg fort ass (d’ Kanner verlaangeren soss einfach zevill).
D’ Method bei den Wëllefcher baséiert op der Dschungelgeschicht vum Rudyard Kipling. Am Kipling senger Geschicht gëtt den Held, den Mowgli an der Dschungel ausgesat, gëtt vun den wëllen Déier opgeholl an erzunn an erlieft mat hinnen en ganz Rei Abenteuer op sengem Wee zum Erwuessenen. Den groussen Virdeel vun der Dschungelgeschicht vum Rudyard Kipling sinn d’ Parallelen mat eiser Gesellschaft. Esou kritt den Wëllefchen duerch d’ Biller vun der Geschicht Wäerter vermëttelt, déi hien op dem Wee an sengem Liewen begleeden, him wichteg Aspekter vermëttelen.
Een Beispill zu der Pädagogik sief hei kuerz beschriwwen: an der Geschicht gëtt beschriwwen, wéi den Mowgli um Rotsfiels muss Ried an Äntwert stoen, éiert hien kann an den Ruddel opgeholl ginn. Bei den Wëllefcher muss / soll all Wëllefchen säin Verspriechen ofleeën. Dëst gëtt och an den spéideren Branchen weider gefouert. Mee grad bei den Wëllefcher huet dat Ganzt een wichtegen Aspekt: hei muss d’ Kand déi éischten Kéier wierklech bewosst Eppes verspriechen, sech bewosst ginn, dass et een Engagement vis-à-vis vun sengen Frënn, mee och vis-à-vis vun sech selwer ageet.
Briechen ech dëst Verspriechen, sou beléien ech mech selwer.
 
Eis Cheféquipe:
 
Ø  Akela (Responsabel vun der Branche):
Jean-Claude Schmit
 
Ø  AWC:
Carole Schartz
 
Ø  St. AWC:
Conny Nothum



691 50 61 97

621 70 62 98

621 37 08 59
Eis Versammlungen:

all Samschdeg vun 13.30h bis 15h.



Messagen
Zurück zum Seiteninhalt