RaRo - LGS Groussbus

Direkt zum Seiteninhalt

RaRo

Den RaRo ass tëschent 17 an 23 Joer al.

D’ Method RaRo:

D’ RaRo sinn déi iewescht Branche am Verband. Bedéngt duerch den Alter, kënnen bei den RaRo Aktivitéiten duerchgefouert ginn, déi an aner Branchen schlecht bis guer net duerchzeféiere sinn.

D’ RaRo mussen wichteg Entscheedungen treffen – sief dëst bei der Wahl vum Beruff, sief dëst bei der Wahl vum Liewenspartner,.... Den RaRo muss sech fir een Wee entscheeden, vun dohier och den Numm vun eiser Branche: d’ Route.

D’ Zil vun der Branche ass et, den Jugendlechen duerch verschidden Aktivitéiten, Aktiounen op dem Wee zum Erwuessenen ginn ze ënnerstëtzen. D’ Method RaRo gëtt him heibäi een Kader, an deem hien sech, seng Perséinlechkeet no den Prinzipien vum Verband vun den LGS kann entwéckelen.

Den Grupp vun RaRo nennt sech den Clan. Den Clan trefft sech regelméisseg, sou wéi déi aner Branchen och, an den Versammlungen. Hien setzt sech selwer Zieler an Regelen. D’ RaRo schaffen zesummen, huelen hier Décisiounen zesummen, an der Zesummenaarbecht mat der Cheféquipe. Mir schwätzen hei vun Cogestioun.

Wéi bei den CaraPio gëtt bei den RaRo um Enn vum Projet een Bilan gemaach. Den groussen Prinzip ass et, dass den RaRo soll eegestänneg schaffen: d’ RaRo décidéieren, wat gemaacht gëtt, d’ RaRo plangen hiren Projet, si zéien en eegestänneg duerch – an der Cogestioun mat den Chef an mat der eegener Verantwortung. Maachen ech als Eenzelen net, wat ech ugeholl hunn, sou funktionéiert den ganzen Projet net...
Eis Versammlungen:

All Samschdeg vun 17h bis 19h.






     
                                                             


691 50 61 97
Eis Cheféquipe:

Clanchef (Responsabel vun der Branche)
Jean-Claude Schmit



Messagen

Message vum 23.02.2018

Gudden Owend alleguerten,

Du hues Dech gemellt, fir eis och dëst Joer bei der Kavalkad zu Waasserbëlleg ze ënnerstëtzen.
An deem Sënn wëll ech Dir déi éischten Informatiounen zoukommen loossen:

Ø CaraPio an RaRo sinn um Neihaischen op engem W-E an fueren zesummen vun do aus op Waasserbëlleg.
Ø Den Ëmzoch selwer fänkt um 18.11h. un.
Ø Ab 16.45h. sollen d’ Posten op der Platz sinn.
Ø Um 15.45h. ass R-V am Centre Culturel – et bedeit dëst dann, dass ech iech R-V ginn fir 15.30h. op der Platz virun der Gare (hei fënnt een sech am Beschten erëm).

Heimat soen ech Dir nach eng Kéier Merci fir Däin Engagement an nach een schéinen Owend iech all,

Jean-Claude
Sinn mir iwwert Chat net erreechbar, maacht eis w.e.g. eng Mail!
Zurück zum Seiteninhalt