Dokumenter - LGS Groussbus

Direkt zum Seiteninhalt

Dokumenter

Dokumentatioun
Guiden an Scoutsgesetz




 
Eng Guide / Een Scout

 
Ø  Ass zouverléisseg
 
Ø  Ass éierlech an fair
 
Ø  Ass bereet ze hëllefen
 
Ø  Ass gutt zu all Mënsch
 
Ø  Mécht den éischten Schrëtt an setzt sech an fir Gerechtegkeet
 
Ø  Respektéiert d’ Liewen an all sengen Formen
 
Ø  Kann nolauschteren an Kritik erdroen
 
Ø  Huet eng positiv Liewensastellung
 
Ø  Kann sech organiséieren an mécht näischt hallef
 
Ø  Hält sech kierperlech an geeschteg gesond








Engagement

 
Ech engagéieren mech:

 
Ø  Mäin Liewen sënnvoll ze gestalten an Verantwortung ze iwwerhuelen
 
Ø  Meng Ëmwelt ze respektéieren an mech fir Fridden an Gerechtegkeet an ze setzen
 
Ø  Mech dobäi un Jesus Christus ze orientéieren an nom Guiden-/Scoutsgesetz ze liewen




Scoutsgebied






Jesus, eise Brudder an Frënn,
Du hues eis Mënschen gären.
Gëff eis d’ Kraaft, no Dengem Beispill ze liewen,
eis un ze huelen, esou, wéi mir sinn
an eis fir deen Nächsten an ze setzen.
Léier eis, fir Gerechtegkeet an Fridden
an fir d’ Erhalen vun der Schöpfung an ze trieden
an esou dës Welt e bëssen besser ze verloossen,
wéi mir se virfonnt hunn.
Amen
Zurück zum Seiteninhalt