CaraPio - LGS Groussbus

Direkt zum Seiteninhalt

CaraPio




691 50 61 97

621 74 18 16

Eis Cheféquipe:

TC CaraPio (Responsabel vun der Branche)
Jean-Claude Schmit

St. ATC CaraPio
Josy Gilson


 


D’ Method bei den CaraPio:
 
 
 
Alter: 14 - 17 Joer
 
 
Bei den CaraPio schaffen mir an Gruppen, an Équipen.

Am Idealfall sinn dëst Gruppen vun 4 – 8 Leit. Dës Équipen sinn net fix, mee sollen sech vun Entreprise zu Entreprise nei forméieren.

D’ Entreprise besteet aus verschiddenen Etappen:

An enger éischter Instanz sichen d’ CaraPio hiren Thema raus (den Staff kuckt mat den Jugendlechen zesummen, op den Thema iwwerhaapt duerchzeféieren ass).
An enger zweeter Etapp gëtt den Projet dann virbereet. Hei soll all Jugendlechen seng Charge iwwerhuelen.
Den drëtten Aspekt ass dann d’ Ëmsetzung.

Een wichtegen Aspekt hei ass d’ Léieren.... Wuel hunn muenchmol déi Jugendlech den Dréi, dass si – en Cours de Route d’ Loscht verléieren, dass si net grad iwwer-motivéiert sinn. Et kann och passéieren, dass eng Entreprise net zu dem gewënschten Erfolleg féiert. Awer och dëst ass eng Erfahrung, déi den CaraPio maachen soll...
 
 
Den Bilan: no Ofschloss vun der Entreprise soll definitiv all Kéier een Bilan gemaacht ginn. Dësen ass wichteg, fir dass den Jugendlechen eraus fënnt, un wat et gehappert huet, wat schief gelaf ass, wat een déi nächsten Kéier kann besser maachen. Dëst awer ass net nëmmen ‘negativ’ ze gesinn – well all Erfahrung huet herno een positiven Aspekt – ech hunn doraus geléiert.



Eis Versammlungen:

All Samschdeg vun 15h bis 17h.









Messagen


Message vum 23.02.2018


Message vum 26.02.2018

W-E vum 09.-11.03.18



Gudden Owend alleguerten,

 
Du hues Dech gemellt, fir eis och dëst Joer bei der Kavalkad zu Waasserbëlleg ze ënnerstëtzen.
 
An deem Sënn wëll ech Dir déi éischten Informatiounen zoukommen loossen:

 
Ø  CaraPio an RaRo sinn um Neihaischen op engem W-E an fueren zesummen vun do aus op Waasserbëlleg.
 
Ø  Den Ëmzoch selwer fänkt um 18.11h. un.
 
Ø  Ab 16.45h. sollen d’ Posten op der Platz sinn.
 
Ø  Um 15.45h. ass R-V am Centre Culturel – et bedeit dëst dann, dass ech iech R-V ginn fir 15.30h. op der Platz virun der Gare (hei fënnt een sech am Beschten erëm).

 
Heimat soen ech Dir nach eng Kéier Merci fir Däin Engagement an nach een schéinen Owend iech all,

Jean-Claude
Materiallëscht:                   Autorisation parentale:
                                                           (Bal)

                                               
Zurück zum Seiteninhalt