AvEx - LGS Groussbus

Direkt zum Seiteninhalt

AvEx


Eis Versammlungen:


all Samschdeg

15.00h.-17.00h.





Eis Cheféquipe:

TC AvEx (Responsabel vun der Branche):
Carole Barthelemy

TC AvEX:
André Leick

St.ATC AvEx:
Michel Laurent

St. ATC AvEx:
Sarah Müller

 
"AvEx" ass d’ Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen,tëschent 11 a 14 Joer
 
 
Am Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ginn et zur Zäit 55 AvEx-Truppen, verdeelt duerch dat ganzt Land, mat bal 1.000 Jugendlechen an iwwer 200 Cheftainen a Chef. An deene meeschten Truppen schaffen Meedercher a Jongen zesummen.
 
 
D' AvEx treffe sech regelméisseg fir eng Versammlung ze maachen. D' AvEx erliewen Expeditiounen déi iwwer méi Versammlungen undaueren, mat Theme wéi z.B.: Natur, Ritter, Fuesent, ...
 
 
D' AvEx maachen och normalerweis all Trimester e Weekend an engem Chalet, meeschtens als Ofschloss vun enger Expeditioun. D' AvEx schléissen d' Guiden- a Scoutsjoer mat engem grousse Camp of, wou si dann an Zelter schlofen.
Zurück zum Seiteninhalt